
Bannent e puer Deeg huet de Paul Hilbert an zwee internationale Fotosconcoursen 31 Fotoen akzeptéiert kritt.
"Eng Akzeptatioun an engem Fotosconcours ass weder eng Medail oder Diplom, nach eng Mention honorifique", esou de Fotograf, ma ëmmerhi géif en Deel vun den Akzeptatiounen an deene jeeweilegen Ausstellungen oder Projektioune gewisen.
Am "VDR Circuit China 2018" krut de Paul Hilbert 15 vun 20 agereechte Fotoen akzeptéiert an am "APC Spring Circuit 2018 Australia" goufe souguer alleguer déi 16 Fotoen, déi hien agereecht hat, ugeholl.
De Paul Hilbert vu Greiweldeng mécht zanter e puer Joer bei villen nationalen an internationalen Concoursen mat, dëst ass fir hie bis elo dat beschte Resultat. Och op RTL.lu publizéiert hie reegelméisseg Biller.
Wien allen 31 Fotoe wëllt am Grousse gesinn, dee kann dat hei maachen.