Dëse Weekend gëtt gedanzt. Mee net egal wat. Klasseschen oder zäitgenösseschen Danz an Jazz stinn um Programm.
Et brauch ee Gedold, Konzentratioun an eng grouss Portioun Confiance, fir op der Bühn ze stoen a virum Publik seng Performance ofzeruffen.
Iwwer 500 Jonker hunn um Samschdeg virun engem Jury gedanzt. Am Ganze waren et 188 Passagen op der Bühn vum Neien Theater. Dobäi kann jidderee bis 20 Punkten vun de Leit aus dem Jury kréien.
A wéi an all Sport ass och hei den Training den A an den O. Vill Stonnen d'Woch stinn dës jonk Leit am Sall fir Choréographie an e.a. Rhythmus ze trainéieren.
Um Sonndeg sinn dann eng 25 Pre-Professioneller am Asaz. Hei gëtt dann e.a. eng nei Choreographie mam Philippe Talard astudéiert.
