D'Reportage-Serie ëmmer dënschdes géint 19.25 Auer, also kuerz virum Journal, op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu - an duerno am Replay.

Zu Viichten ass 1994 e Bauer beim Baggeren op Mosaike gestouss, déi hien erëm zougeschott huet.

Eréischt 8 Méint méi spéit gouf de Service Archéologique duerch en anonymmen Telefonsuruff doriwwer informéiert.

Tëscht Mäerz an Enn Juli 1995 dunn hunn zu Viichten op dem Areal d'Archeologen e faarwege Mosaik vun 61m2, e Meeschterwierk vun aussergewéinlech artistescher Qualitéit, ausgegruewen. Et stellt déi 9 Musen aus der griichescher Mythologie duer, dorënner am Kärstéck d‘Muse Calliope zesumme mam Dichter Homer.

Viichten an Ëmgéigend waren tëscht dem 2. an 3. Joerhonnert no Christus staark besidelt an dee Mosaik huet zu enger réimescher Villa gehéiert. Eréischt d'Germanenafäll tëscht 260 an 276 no Christus hu villes zerstéiert.

Dobäi hat dat Viichtener Mosaik Chance, ënnert enger meterdécker Leemschicht ze verschwannen an esou 17 Joerhonnerten heel z‘iwwerstoen.

Am Musée um Fëschmaart hunn di 9 Musen an den Homer haut eng Éiereplaz an eng Kopie dovunner kann een zu Viichten bei der Gemeng bewonneren.

© mnha.lu