Déi zwee Lëtzebuerger Auteuren deele sech ex aequo de Präis vun den Europadeputéierten.

En Dënschdeg den Owend goufen an der éisträichescher Haaptstad Wien d'Awards vum European Prize of Literature verdeelt. 36 Auteuren aus 26 Länner, déi all scho mam Europäesche Literaturpräis ausgezeechent goufen, hate bei engem Concours fir den 10. Gebuertsdag vum Präis mat Kuerzgeschichte matgemaach.

Véier Präisser goufe verdeelt: e Publikumspräis, e Präis vun den EU-Parlamentarier an zwee Präisser vun engem Fachjury.

Beim Präis vun den Europadeputéierte gouf et en Ex-Aequo, ausgezeechent goufen zwee Auteuren an dat waren zwee Lëtzebuerger: de Jean Back fir säin Text "European Clouds" an de Gast Groeber fir den Text "Aktuelle Wettervorhersage: vorwiegend dichter Nebel".

AUDIO: De Jean Back an de Gast Groeber am Interview

Béid Auteuren hu sech an hiren Texter, déi als Motto "European Stories" haten, mam Thema "Flüchtlingen" beschäftegt.

De Publikumspräis geet un déi serbesch Schrëftstellerin Jelena Lengold an de Jury-Präis un d'Rumänin Ioana Pârvulevscu.

E Spezial-Präis huet de Jury och fir d’europäescht Joer vum kulturelle Patrimoine verdeelt, dat un déi mazedonesch Autorin Lidija Dimkovska.

All Texter vum Concours "European stories" kann een op der Homepage vum Concours noliesen.