Am Alter vu 77 Joer ass de weltbekannten italienesche Filmregisseur Bernardo Bertolucci gestuerwen.

De Bertolucci gouf mat Filmer ewéi Dernier Tango à Paris aus dem Joer 1972 weltbekannt. Realiséiert huet en och ë.a. den Dernier Empereur am Joer 1987 a Little Buddha 1993.

Tëschent 1962 an 2012 huet hien am Ganze 16 Long-métragen inzenéiert.

De Bernardo Bertolucci krut ënner anerem 2 Oscaren an 2 Golden Globes. Hie krut och Éierepräisser bei de Filmfestivaller vu Venedeg a Cannes.

Hie soll scho méi laang krank gewiescht sinn.

AUDIO: De Bernardo Bertolucci ass dout: Rep. Marie Gales