Den 2. Abrëll gëtt Lëtzebuerg "geflasht", da kënnt d'Ekipp vum Musical fir ganzer 6 Datumer op de Belval an d'Rockhal.

De Virverkaf start e Freideg 7. Dezember um 10 Auer.

Nodeems Flasdance schonn an de Musicalmetropolen Hamburg, Düsseldorf, Frankfurt, Bremen, Wien a Salzburg d'Leit begeeschtere konnt, kënnt d'Adaptatioun vum Kultfilm an d'Rockhal op déi grouss Bühn. Regie féiert hei den Anders Albien, fir d'Choreographie ass d'Jennie Widegren.

Opening Night ass den 2. Abrëll 2019, weider Datumer sinn:

2. Abrëll 2019 um 20 Auer
3. Abrëll 2019 um 20 Auer
4. Abrëll 2019 um 20 Auer
5. Abrëll 2019 um 20 Auer
6. Abrëll 2019 15 an 20 Auer
7. Abrëll 2019 14 an 19 Auer

De Virverkaf ass vum 7. Dezember 10 Auer un, op rockhal.lu.

RTL.lu gëtt Iech d'Geleeënheet, fir gratis beim Musical mat derbäi ze sinn. Wat musst Dir dofir maachen?
Schéckt einfach eng SMS mam Stéchwuert "flashdance" mat Ärem Numm an der E-Mail-Adress op de 62468 (0,50 € / SMS) a gewannt Är Ticketen.

Vill Gléck!