Präisser fir de Claude Schmitz an d'Lea Schroeder
E Freideg den Owend goufen d'Präisser vum Concours iwwerreecht. De Claude Schmitz huet de Jury-Präis gewonnen an d'Lea Schroeder de Publikumspräis.
Vasen aus Filz, Vëloen aus Bëtong an nach villes méi. Dat krut ee bis den 3. Dezember op der Biennale am alen Arbeds-Gebai gebueden. Et war déi zweet Editioun vun der Ausstellung. Mat iwwer 90 Konschthandwierker, déi ausgestallt hunn, war se dëst Joer nach méi grouss an nach méi ofwiesslungsräich wéi virun zwee Joer. D’Ufanksinitiativ koum vun der ierfgroussherzoglecher Koppel, fir dem Handwierk a besonnesch dem Konschthandwierk méi Visibilitéit ze ginn, an och jonk Leit ze motivéieren an déi Richtung ze goen.
Aus 52 Lëtzebuerger Bäiträg gouf et och dëst Joer nees e Concours mat engem Jury-Präis an engem Publikumspräis, fir deen een iwwer RTL.lu konnt ofstëmmen. Um Enn huet sech de Jury fir de Claude Schmitz decidéiert an de Publikum sech fir d'Lea Schroeder. D'Präisser goufen e Freideg den Owend a Präsenz vun der Ierfgroussherzoglecher Koppel an der Chamber des métiers iwwerreecht.
De Claude Schmitz gouf fir seng Bijou-Kreatioun ausgezeechent. Eng Ekipp vun RTL hat hien am Virfeld bei senger Aarbecht besicht.
D'Lea Schroeder gouf fir hir Konscht an der Keramik ausgezeechent.
Weider Informatiounen iwwert "De Mains De Maîtres" 2018 fannt Dir am RTL-Artikel:
RTL-Artikel: "De Mains De Maîtres" - Alles ëm déi grouss an ofwiesslungsräich Ausstellung