An der Dokuserie "routwäissgro" geet et dacks ëm Leit, déi e bëssi méi speziell Saachen am Liewe maachen.

An där Episod, déi der e Sonndeg kënnt gesinn, huet d'Realisatrice Kim Schneider ee Confrère virun d'Kamera geholl, de Jacques Molitor, deen ënnert anerem och scho fir de "routwäissgro" produzéiert huet. De Jacques Molitor huet awer nieft dem Realiséiere vun Documentairen nach e puer ganz aner Facetten.