Obwuel d'Stéck 1948 geschriwwe gouf, ass et am aktuelle politesche Kontext uechtert d'Welt esou aktuell, wéi laang net méi.

Wéi 1948 d’Kommunisten an der deemoleger Tschechoslowakei un d’Muecht kommen, schreift de Max Frisch als Reaktioun eng éischt Versioun vu Biedermann und die Brandstifter. D’Stéck, wat zanter deem net un Aktualitéit verluer huet, gëtt elo nees vum Kaleidoskoptheater op de Bühn bruecht.

D’Beetebuerger Schlass ass eng vu ville Plaze uechter Europa, wou am Moment Biedermann und die Brandstifter nees gespillt gëtt. De momentane politesche Kontext uechter d’Welt huet leider nees e staarke Besoin geschaaft, fir d’Geschicht vun engem Mann z'erzielen, deen ze laang ewech gekuckt huet, seet de Schauspiller Jean-Paul Maes.

Inhalt vum Theaterstéck

Alles spillt sech an enger fiktiver Schwäizer Stad of, wou Brandstëfter zanter enger Zäit hiert Onwiesen dreiwen. De Gottlieb Biedermann ass, wéi déi meescht Bierger, der Meenung, datt d’Verbriecher solle fonnt a bestrooft ginn. Wéi hien dunn en Hauséierer a kuerz duerno och deem säi Kolleg bei sech ophëlt, gëtt séier kloer datt et sech bei deenen zwee Männer ëm déi gesichte Pyromanen handele muss. Amplaz bei d‘Police ze goen, refuséiert de Biedermann awer Responsabilitéit z'iwwerhuelen. D’Brandstëfter kënne mat him ongestrooft de Geck maachen an hire Verbriechen nogoen.

Biedermann und die Brandstifter weist, datt Zivilcourage méi ass, wéi sech doheem an der Stuff iwwert d’Ongerechtegkeeten an der Welt opzereegen a léisst sech ouni Problem a vill politesch Kontexter setzen. Dëser allgemenger Gültegkeet vum Max Frisch sengem Text probéiert dem Heidemarie Gohde seng Adaptatioun dann och gerecht ze ginn.