
© AFP Archivbild
Dee mat 3 Oscare gekréinte franséische Filmkomponist Michel Legrand ass am Alter vu 86 Joer gestuerwen.
Wéi säi Porte-parole confirméiert huet, ass de Legrand an der Nuecht op e Samschdeg zu Paräis verscheet.
A senger iwwer 50 Joer laanger Carrière ass de Komponist weltberühmt ginn an huet mat Promie wéi Ray Charles, Frank Sinatra, Edith Piaf a Charles Trenet zesummegeschafft. Bekannt ginn, war hien ënnert anerem duerch d'Filmmusek zu "Les Parapluies de Cherbourg" et "Les Demoiselles de Rochefort".
Hie war et och, deen 1964 de faméisen RTL-Jingle komponéiert hat – den Hunnekreesch - deen och hei bei eis um Radio d'Noriichten annoncéiert.
Am meeschte gelies