Fir d'8. Kéier gëtt de Concours "Jeune Printemps" zu Lëtzebuerg organiséiert. Zil ass et, Poesie a Literatur am Allgemengen nees méi ze promouvéieren.

Soss ëmmer e Concours fir Schüler aus dem Lycée, hunn d'lescht Joer fir d'éischt Studente vun der Uni.lu konnte matmaachen. Ma och dëst Joer ginn et e puer Surprisen.

82 Gedichter sinn d'lescht Joer bei der Jury vum "Jeune Printemps" erakomm. En enorme Succès. An dat nëmme vu Schüler a Studenten aus dem Land. Dofir hunn Organisateuren de Concours dëst Joer och fir Erwuessener fräi ginn. Sou dass et elo 4 Kategorien ginn: zwou Kategorie fir Schüler, eng fir Studenten a ganz nei, eng Kategorie fir Erwuessener. Bis zu maximal 3 Gedichter ka jidderee bis de 17. Februar eraschécken, fir beim Concours matzemaachen. Op wéi eng Sprooch se sinn, ass egal.

AUDIO: Interview mam Delia Pifarotti, Presidentin vun der Jury.

Den 12. Mäerz ass dann déi offiziell "Remise des Prix" an der Abtei Neimënster. Déi 10 éischt an all Kategorie ginn invitéiert. Fir déi 3 Gewënner pro Kategorie gëtt et awer nach eppes uewen drop. Am Kader vum Concours gëtt an der selwechter Woch vum 14. bis den 17. Mäerz den "Printemps des Poètes" ofgehalen, wou bekannte Poeten op Lëtzebuerg kommen, fir hir Gedichter virzedroen.

Freides geet et lass am Learning Center zu Esch mat Virliesungen, Workshops a villem méi éier et da samschdes a sonndes mat engem volle Programm weidergeet.

De Message ass kloer: Loosst Ärer Fantasie fräie Laf a schreift mat Häerz a Séil!

Jiddereen, dee wëll matmaachen, ka säi Gedicht mat Numm, Email-Adress an Alter un jeuneprintemps@gmail.com schécken. Dat bis de 17. Februar 2019.