Zu London gouf e Sonndeg den Owend d'Bafta Awards verginn. D'Netflix-Drama "Roma" huet dobäi seng Favoritteroll op en Oscar ënnermauert.

Dat autobiographescht gepräägten Drama "Roma" vum mexikanesche Realisateur Alfonso Cuarón huet direkt a 4 Kategorien Präisser ofgestëbst: Beschte Film, bescht Regie, beschten net-engleschsproochege Film a bescht Kinematographie. Et ass also sécher, dass "Roma" mat senger Roll als Top-Favorit an d'Course vun den Oscaren an 2 Woche geet.

De fir Netflix produzéierte Film gouf scho mat engem Golden Globe ausgezeechent. Donieft ka sech de Cuarón mat sengem Film an 10 Kategorien, dorënner beschte Film a bescht Regie, definitiv Hoffnungen op en Oscar maachen.

D'Auszeechnung als beschten Actrice krut d'Britin Olivia Colman fir hir Roll als britesch Kinnigin Anne am Historiefilm "The Favourite" an huet sech domat géint d'Glenn Close ("The Wife") a Lady Gaga ("A Star Is Born") duerchgesat.

"The Favourite"-Actrice Olivia Colman / © AFP

Mat am Ganzen 12 Nominatioune war "The Favourite" u sech als Favorit bei de Bafta Awards ugetrueden, huet um Enn awer just a 7 Kategorien gewonnen, dorënner beschte britesche Film, bescht Original-Dréibuch, beschte Produktiounsdesign, beschte Kostümdesign a beschte Make-Up.

Beschten Acteur gouf de Rami Malek aus den USA fir seng Roll als Queen-Frontmann Freddie Mercury am "Bohemian Rhapsody". Hien huet sech géint de Bradley Cooper ("A Star Is Born"), Christian Bale ("Vice"), Steve Coogan ("Stan & Ollie") a Viggo Mortensen ("Green Book") durchgesat.

"Bohemian Rhapsody"-Acteur Rami Malek / © AFP

Béid Acteuren, Olivia Colman a Rami Malek, waren Uganks Januar och scho mat engem Golden Globe ausgezeechent ginn. Si gehéieren och zu den Oscar-Nominéierten.
D’Awards vun de British Academy of Film and Television Arts gëllen als leschten, groussen Indicateur, virun den Oscaren, an zwou Wochen.

Och de Prënz William a seng Fra Catherine ware bei de Bafta-Awards mat dobäi. / © AFP