Déi éischt Bicher vun den 1.8 Milliounen physeschen Dokumenter aus der Nationalbibliothéik plënneren an dat neit Gebai um Kierchbierg.

Et ass eng Plënneraktioun, déi nawell eng grouss Envergure huet an deemno och vill Organisatiounstalent brauch. D’Nationalbibliothéik fänkt an zwou Wochen domadder un, op de Kierchbierg an hir nei Gebailechkeeten ze plënneren. Fir d’éischt ginn d’Dokumenter an déi nei Magasénger eriwwer transferéiert, ier d’Regaler an den neie Liessäll mat Bicher gefëllt ginn.

AUDIO: Nationalbibliothéik plënnert/Reportage Nadine Gautier

© Bolles + Wilson

Zanter 1973 ass d’Nationalbibliothéik am fréieren Athenée um Boulevard Roosevelt vis-à-vis vun der Kathedral ënnerbruecht, déi eelste Bibliothéik zu Lëtzebuerg. Elo kritt se een neie Siège a plënnert dëst Fréijoer an de Summer iwwer op de Kierchbierg. Mat der Plënneraktioun gëtt den 1. Abrëll ugefaangen. Duerno, 14 Deeg méi spéit, Mëtt Abrëll, ginn dann och 200.000 Dokumenter an déi nei "Salle de Lecture" fir den direkten Accès relokaliséiert. D’Direktesch vun der Nationalbibliothéik, d’Monique Kieffer betount: "Dat ass eng grouss Operatioun, well do musse mir d'Bicher, déi mir dem Numerus corenz klasséiert, déi musse mir splitten, dat maache mir mat Hëllef vun engem automateschen Tool, fir datt mir einfach kënne wëssen, wéi ee Buch op wéi ee Regal an Tablette agereit ginn."

D’Informatik ass am generellen ee vun de ganz groussen Defien: "Mir hu versicht, déi Prozesser, déi mir hunn, esou wäit wéi méiglech ze automatiséieren. Mir hunn a 400.000 Bicher RFID-Taggen agepecht, déi erlaben, ee Buch ze identifizéieren, an de Prêt ze automatiséieren. Dat heescht, et kann een d'Buch aus dem Regal huelen, et kann ee bei d'Ausléinmaschinn goen, et kritt een et direkt verbucht. An et kann een et mat heem huelen. All déi Saachen am libre Service.", esou de Carlo Blum.

An Zukunft wéilt een de Leit och déi digital Versioune vun de Schrëftstécker méi schmackhaft maachen. An deem Kader organiséiert d’BNL och zwee Ateliere vun Abrëll un. D’Christine Kremer vun der Kommunikatioun erkläert: "Dat eent ass méi spezifesch fir d'E-Booken, dat heescht dat ass den EBooks.lu-Projet, deen hate mir virun 3 Joer mat 12 Bibliothéike lancéiert an do kann een E-Booken ausléinen. Den zweete Workshop ass méi generell, do ginn d'Leit geléiert, mat eisem Searchkatalog an dem Tool eens ze ginn. An och wéi se d'Ressources numériques fannen, déi se brauchen."

1,8 Milliounen Dokumenter mussen aus dem aktuelle Gebai vun der Nationalbibliothéik geplënnert ginn. Déi nei Infrastruktur wäert een Espace Public vun 8.570 m2 hunn, et gëtt nieft engem Musekssall och ee Familljesall, wou Eltere mat hire Kanner kënne Recherche maachen.

"D'Iddi ass, datt jonk Elteren, et kënnen och Grousselteren sinn, mat de Kanner kënnen dohinner kommen. Si kënnen um Computer schaffen oder eppes noschloen. A wann d'Kanner poteren oder jäizen, sinn déi aner Clienten net gestéiert.", esou d'Monique Kieffer.

Ma och soss soll déi nei Bibliothéik weider Clienten an Bicherbegeeschterter unzéien: "Mir heescht Nationalbibliothéik, mee et ass bäi wäitem net nëmmen Luxemburgensia. Mee mir wäerten Luxemburgensia awer méi attraktiv a visibel an den neie Liessäll maachen. Et duerf een och net de Confort ënnerschätzen. Mir hunn opgepasst, datt ee gemittlech sëtzt an eng schéi Vue huet", ënnersträicht d'Monique Kieffer.

Enn September geet déi nei Bibliothéik op, amplaz op 7 verschiddenen Annexen gëtt dann alles op engem eenzege Site regroupéiert.

VIDEO: Nei Nationalbibliothéik: 40 km Dokumenter ze plënneren
Virun der Plënneraktioun Ufank Mäerz ginn am ale Gebai d'Bicher gebotzt, fir esou mann Dreck a Stëbs wéi méiglech mat op de Kierchbierg ze plënneren.
VIDEO: Nei Nationalbibliothéik um Kierchbierg hëlt Form un
Aktuell ass d'Bibliothéik nach op 7 verschiddene Sitte verspreet, an Zukunft soll een dann alles regroupéiert, op ronn 24.000m2 erëmfannen.