Am Kader vum Ciné-Club presentéiert den Kinosch e Mëttwoch zu Esch eng Soirée mat enger Projektioun vu Kuerzfilmer vum Lëtzebuerger Realisateur Dan Wiroth.

Niewt dem Realisateur, dee bekannt fir seng Animatiounsfilmer ass, ass och de Paul Lesch, Direkter vum CNS, invitéiert.

Um Menü fir de Mëttwoch Owend stinn:

"Crucy Fiction" (1995)

"Fragile" (1998)

"Ere Mela Mela" (2000)

"If not why not" (2002)

"Elegant" (2005)

De ganze Programm am Detail fannt Dir op kulturfabrik.lu.