Impressioune vun der zweetgréisster däitscher Bicherfoire mat intressanten Neiegkeeten iwwer d'Romanfigur "Xavier Kieffer".

De Lëtzebuerger Literaturkritiker Jérôme Jaminet huet sech iwwer literaresch Nouveautéiten informéiert an och no Lëtzebuerger Spuere gesicht.

Donneschdeg, 21. Mäerz

2600 Aussteller, 3600 Manifestatiounen a véier Deeg, eng geschate Véierel Millioun Visiteuren: d’Leipziger Bicherfoire, déi et säit dem 16. Joerhonnert gëtt, ass déi zweetgréissten an Däitschland an den incontournabele Rendezvous vum Fréijoer fir all Frënd vum Buch. Mat deem Wëssen am Hannerkapp an der Virfreed, déi stënterlech klëmmt, kënnt mir d’Zuchrees vun engem hallwen Dag guer net méi esou laang vir.

Just dee Moment, wou ech op der Gare zu Leipzig ukommen, verréit mir mäin Handy, datt d’Anke Stelling fir hire pickeg-politesche Roman „Schäfchen im Trockenen“, dee mat 15.000 Euro dotéierte Präis vun der Leizpziger Bicherfoire an der Kategorie Belletristik gewonnen huet.

Freideg, 22. Mäerz

Éischt Lektioun: besser online accreditéieren, soss leefs de wéi en Hong ouni Kapp vun Hal zu Hal ier s de, no enger Véierelstonn, endlech de Pressezentrum fënns. Virun der Bühn vum ARD-Forum kludderen e puer honnert Sebastian-Fitzek-Fans uneneen. De Star-Auteur, dee vrun zwou Wochen zu Lëtzebuerg war, stellt nämlech grad säin drockfrëscht Sachbuch fir Kanner vir: "Fische, die auf Bäume klettern".

De Sebastian Fitzek am Interview

D'Skandinavier hu bekanntlech eng glécklech Hand beim literareschen Ofmuerkse vun hire Matmënschen. Mir perséinlech sinn engem Jo Nesbø seng Bicher ze hämoglobinräich, dofir liesen ech léiwer déi intelligent Kopenhagen-Thrilleren vum Katrine Engberg, dem dänesche Shootingstar vun der Kriminalliteratur. Op der Bicherfoire presentéiert si "Blutmond", et ass den zweete Band vun enger Trilogie. Am November kënnt déi sympathesch Schrëftstellerin op Lëtzebuerg.

D'Katrine Engberg (riets) kënnt op Lëtzebuerg

An Hal 5 leeft mir d‘Literaturagentin Dorle Kopetzky iwwert de Wee – a pëspert mir formidabel Neiegkeeten an d’Ouer: d’Sue si beieneen, den éischte Krimi vum Tom Hillenbrand ronderëm de Lëtzebuerger Ex-Stärekach an Detektiv Xavier Kieffer kann endlech mat dem Moritz Bleibtreu an der Haaptroll fir de Kino verfilmt ginn. Déi lëtzebuergesch Filmproduktiounsfirma Iris Group („Bad Banks“) huet hir Fangere mat am Spill. Méi spéit soll dann nach een aneren Hillenbrand-Roman, „Drohnenland“, als Serie adaptéiert ginn.

D'Dorle Kopetzky mam Jérôme Jaminet

Dem Bela B. Felsenheimer – jo, dat ass dee vun der Punkrock-Band „Die Ärzte“ – seng Popularitéit ass wierklech generatiouneniwwergräifend gigantesch. Ob elo wéinst der Skurrilitéit vu sengem Roman "Scharnow" oder dach éischter well hien e Promi ass, déi allermeescht vu senge Fans wëlle jiddefalls e Buch vun him signéiert kréien.

Bela B. Felsenheimer – „Die Ärzte“

Um Stand vum Verlag Kiepenheuer & Witsch fannen ech zwee Auteuren, déi dëst Joer bei eis zu Lëtzebuerg liese wäerten: de Feridun Zaimoglu ("Die Geschichte der Frau“), an d'Vea Kaiser ("Rückwärtswalzer"). Iwwregens: e Bicherstand oder eng Banannekëscht mat roudem Léiw sicht een zu Leipzig ouni Erfolleg! Keen Auteur a keen Editeur aus dem Grand-Duché wäit a breet.

Samschdeg, 23. Mäerz

Samschdes ass op der Foire traditionell esou vill lass wéi op engem Rolling-Stones-Concert. Schonn eng hallef Stonn, nodeems d'Dieren opgaange sinn, wibbelt eng euphoriséiert Mënschemass wéi en onkoordinéierte Seechomessentrupp duerch d'Gäng. Dat gëtt haut e gutt Stéck Aarbecht fir bis bei déi attraktiivste Stänn bäizekommen.

Op der Manga-Comic-Con begéint ee Fuebelwiesen aus engem konterbonte Paralleluniversum. Wie sech net grad mat neie Gadgeten aus der Welt vun de Männercher mat de groussen Aen andeckt, huldegt dem Manga-Zeechner Hiro Mashima aus Japan, deen an der Zeen fir seng „Fairy Tail“-Serie bewonnert gëtt.

De 4. Mee mécht de bekanntsten däitsche Literaturkritiker Denis Scheck zu Beetebuerg dat, wat en am beschte kann, dat, wat en elo grad op der ARD-Bühn gemaach huet: Bicher wuertwitzeg luewen oder zerrappen. Ech hunn him no senger Show den Erzielband „Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen“ vun der Lëtzebuerger Schrëftstellerin Elise Schmit zougestach. Et däerf ee gespaant sinn, ob de legitimmen Nofolger vum Marcel Reich-Ranicki d’Buch bei sengem Optrëtt um Beetebuerger LiteraTour-Festival ernimmt. En huet alt schonn emol derduerch gebliedert.

Den Denis Scheck kënnt den 4. Mee nees op Beetebuerg

Wann een en Originalitéitspräis verdéngt huet, dann d’Edition Wannenbuch fir „Das Wasserfeste Buch“. Déi hunn nämlech eng Rei vu kuerzen a klenge Blödel-Bicher an enger Konschtstoffhüll erausbruecht. Bicher wéi „Friedhof der Badeenten“, „Buddhas baden besser“ oder „Dusch dich zum Superstar“, déi zwar ouni intellektuelle Méiwäert sinn, dofir awer relax an enger véierel Stonn gelies kënne ginn.

An da kréien ech dach nach eng Schrëftstellerin aus Lëtzebuerg zu Gesiicht, eng vun eise jéngsten. Si war zwar net op der Foire, awer ëmmerhin zu Leipzig. D’Paule Daro, 21, déi no engem Openthalt vu siwe Méint an Indien, wou si sech zur Yoga-Meeschterin ausbilde gelooss huet, elo no enger neier Wunneng an hirer aler Studentestad sicht.

De Jérôme Jaminet mat der Lëtzebuerger Schrëftstellerin Paule Daro

Viru véier Joer hat d’Poetry-Slammerin mat „Angesichts des schwarzen Lochs“ en interessanten éischte Roman erausbruecht. Zanterhier ass et roueg ginn, mä elo sëtzt d’Paule Daro um drëtten Entworf vun engem neie Roman.

Sonndeg, 24. Mäerz

De Koffer ass gepak, an enger Stonn geet et zréck op Lëtzebuerg. Et waren e puer intensiv, ustrengend awer intressant Deeg, hei zu Leipzig.

An ech hu meng Äntwert op eng wichteg Fro fonnt. Et ass jo all Joer dat nämmlecht Gejéimers am Milieu: Et géifen net méi genuch Bicher gelies ginn, ganz allgemeng, a besonnesch fir déi Jonk wier „Buch“ zu engem Friemwuert ginn. Stackdäischter Zäite gi virausgesot: spéitstens an zwou Generatioune géif ee Bicher just nach am Antiquariat fannen, an de Bibliothéiken – oder am Musée. Ech fannen: D’Leipziger Bicherfoire huet dësen apokalyptesche Zeenario als „Fake Preview“ entlarvt. De Patient Buch otemt nach reegelméisseg, e läit net am Koma, an et gi vill, ganz vill Leit, déi e gutt versuergen. Mir kënnen also ganz berouegt sinn: Dem Buch seng Liewenserwaardung ass onverännert héich.