De legendäre Sänger a Songwriter Scott Walker ass e Méindeg de Moien am Alter vun 76 Joer verscheet. Hie war ee vun den aflossräichste Museker.

Dat huet de Plackelabel 4AD op Twitter confirméiert. Zu den Doudesursaachen gouf näischt matgedeelt. Hie war ee vun den innovatiivste Museker vum 20. Joerhonnert.

Den Noel Scott Engel ass 1943 zu Ohio op d'Welt komm. 1964 huet hien, zesumme mam John Joseph Maus a Gary Leeds, The Walker Brothers gegrënnt. Hie war awer och solo ganz bekannt an huet ënner anerem 18 Solo-Alben verëffentlecht, dee leschten "Vox Lux" 2018.

Weltwäit ass d'Trauer grouss a vun iwwerall komme Kondolenzschreiwen.