Dubai ass d'Stad vun de Superlativen an dëst gëllt och fir d'Welt-Expo 2020 eben zu Dubai, wou Lëtzebuerg och mat engem Pavillon vertrueden ass.
D'Ouverture ass den 20. Oktober 2020. Den Ament lafen d'Aarbechten op Volltouren, och wann um Site selwer den Ament nach net vill ze gesinn ass.
Ëmmer méi grouss, ëmmer méi héich, ëmmer méi deier, dëst ass d'Mentalitéit vun de Scheiche vun Dubai, genee sou wéi "Näischt ass onméiglech".
Net onméiglech, dass an 18 Méint fir d'Welt-Ausstellung eng Rise-Stad do entsteet, wou den Ament nach quasi Wüst ass an och net onméiglech, dass an 18 Méint zu Dubai de Burj Khalifa (840 Meter) iwwertraff wäert gi mat engem Gebai vun 1 Kilometer, do wou bis ewell just Fondatioune sinn. Zu Dubai gëtt et eben näischt, wat et net gëtt.