Laang hunn d'Fans gewaart, elo ass en endlech do! Den Trailer fir de neien "Joker"-Film vum Todd Philips ass online.

Ufanks gouf vill iwwert de neie Joker-Film gemeckert an sech beschwéiert, dat well den Todd Philips als Regisseur genannt gouf. Hien ass virun allem fir Komedie bekannt, ënnert anerem huet hien "Hangover" gedréit.

Ma spéitstens zënter deem een déi éischte Biller vum Film gesinn huet, war kloer, dass dëse Film alles anescht wéi witzeg gëtt.

Am éischten Trailer vu gutt 3 Minutte gesäit een dann och ganz kloer, dass de Joaquin Phoenix eng extrem verstéierend Roll als Joker wäert spillen. Maacht iech selwer e Bild a kuckt iech hei de neien Trailer vum Film un! De 4. Oktober wäert de Film an de Kino kommen.