Bis haut präägt de "Bauhaus-Stil" Kënschtler an Architekten op der ganzer Welt.

Virun 100 Joer huet den däitschen Architekt Walter Gropius d'"Staatlecht Bauhaus" zu Weimar gegrënnt, eng Héichschoul am Beräich vun der Architektur an der Konscht. Ënnert dem politeschen Drock ass d’Schoul 1925 op Dessau geplënnert an dunn 1932 op Berlin. Ee Joer dono gouf se vun den Nazien zougemaach.

D’Bauhaus ass an Däitschland 3 Mol geplënnert. Dëst Gebai steet zu Dessau a war e Virbild fir weider Gebailechkeeten am Bauhaus-Stil. Vill berühmt Wierker sinn an dëser Schoul entstanen ewéi Biller, Geschir an Entwërf vun Haiser.

Et goufe keng Klassen, mee sougenannten Ateliere wou Kënschtler an Handwierker enseignéiert hunn. Zum Beispill Architektur a Molerei vu Maueren. Mat där Architektur wollt ee virun allem eppes an der Gesellschaft veränneren, esou den Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils.

De Stil erkennt ee séier: flaachen Daach, kloer a quadratesch Formen, grad ewéi grouss Fënsteren. Den Numm Bauhaus erënnert un d’Bauhütte vun de mëttelalterleche Kathedralen, an deenen d’Konscht an d’Handwierk zesummebruecht goufen. An der Stad ginn et dann och e puer Gebailechkeeten, déi am Bauhaus-Stil gebaut goufen. Dat Ganzt wier eng Revolutioun am Verglach zu engem klasseschen Gebai.

Zënter dësem Joer gëtt et en neie Musée zu Weimar. Ausgestallt sinn ënnert anerem Miwwelen, Geschir a Biller. Dem OAI no, huet sech d’Bauhaus an de leschte Jore ferm virun entwéckelt.

D’Approche vum Bauhaus wier haut méi ewéi jee gefuerdert. An deem Kontext misste Fachleit, Handwierker a Politiker an Zukunft e Wee fannen, fir zesummen eppes ze maachen, esou nach den OAI.