E Sonndeg den Owend leeft an den USA déi éischten Episod vun der finaler Staffel vu Game of Thrones un.

Spectateuren op der ganzer Welt konnte se bal net erwaarden. Déi 8. an domat lescht Staffel vun der erfollegräicher Fantasy-Serie Game of Thrones. E Sonndeg den Owend an den USA, respektiv e Méindeg de Moie ganz fréi eiser Zäit huet d'Waarden een Ënn.

Déi US-amerikanesch Televisiounschaîne HBO diffuséiert déi éischt Episod vun der finaler Saison Game of Thrones. Et ginn nëmmen nach sechs Episoden, déi awer alleguerten d'Dauer vun engem Kinofilm hunn. Eleng den Trailer vun der neier Staffel gouf op Youtube méi ewéi 54 Milliounen Mol gekuckt. Hei an Europa gëtt et, wéi gesot, fréie Moien, bis d'Episod an den USA diffuséiert gëtt. Wien et also Eescht mengt mat Game of Thrones, a wierklech wëssen, wëll wéi et am Kampf tëscht de Mënschen an de Zombie weidergeet, dee wäert e Méindeg eenegermoossen geriedert op de Büro goen.