D'Concerte vum Apéro Jazz an der Abtei Neimënster si mëttlerweil e bekannten Treffpunkt.

Dëse Sonndeg hunn d Museker vum lëtzebuergesch-franséische Quintett OZMA e méi aussergewéinlecht Konzept virgestallt. „Crossroads“ heescht hire sougenannte „Photo-Concert“.  Hei treffe Jazzmuseker op Fotografen an interpretéieren duerch Musek ënnerschiddlech Ästhetiken a Stëmmunge vu Fotoen. Op hirer Tournée 2018 hunn d'Museker vun OZMA Fotografen aus Marokko, Südafrika, China, Indien a Lëtzebuerg kennegeléiert. Si hunn de Quintett zu neie Kompositiounen inspiréiert. Esou ass dunn d'Iddi fir dëse schonn drëtte Photo-Concert entstanen.

Et goufe Biller erausgesicht, déi charakteristesch Motiver aus deene verschiddene Regioune weisen. Och Wierker vum Fotograf Mike Zenari sinn Deel vum Projet. Fir hien ass d'Stolindustrie e besonnesch interessanten Aspekt vu Lëtzebuerg. Dat weist seng Fotoserie "Arbed Schëffleng".

No der Première an der Abtei Neimënster plangt OZMA mat "Crossroads" op Tournée ze goen. De But ass et, de Projet a villen ënnerschiddleche Regioune weisen ze kënnen.