Et ass déi 12. Editioun vun de Journées du Livre et du Droit d'Auteur. Dës stinn dëst Joer ganz am Kader vun de 5 Sënner.

14 Lycéeë, eng 50 Grondschoulen, ma och den Grand Public sinn nees invitéiert vum 23. bis den 28. Abrëll ze participéieren.

Déi ganz Woch iwwer sinn eng Rëtsch Aktivitéiten, Ausstellungen a Konferenze ronderëm d'Buch an de Lëtzebuerger Patrimoine organiséiert.

D'Liesen, an all senge Variatiounen, heescht Fortschrëtt.

Wann ee vum Auteur schwätzt, kënnt ee schlecht laanscht d'Thema: Droit d'Auteur. De Copyright, e grousst Thema och nees um Méindeg bei den EU-Staaten. D'Copyright-Reform soll d'Recht vum Eenzelen a senger Kreatioun schützen. Ma wat heescht dat? Do misst och an de Schoulen opgekläert ginn.

De Romain Jeblick, Direkter vum Luxorr:

"Dofir gi mir elo hin... mir, dat sinn d’Gesellschaften déi sech em Droit d’Auteure këmmeren, gi mer an d’Schoulen. Dëst Joer si mer am Kolléisch, wou mer mat de Schüler, de Studenten, awer och mat den Enseignanten déi do sinn, diskutéieren, an notamment den Droit d’Auteur erklären.

Dëst Joer, wat elo bësse speziell ass, setze mer et an de Kontext vun der rezenter europäescher Direktiv iwwert den Droit d’Auteur. Fir dass d’Jugend, haaptsächlech, ma och mir alleguerten, besser verstoen a léiere firwat et wichteg ass, datt en Auteur fir seng Aarbecht remuneréiert gëtt."

De ganze Programm vun der Woch vun de "Journées du Livre et du Droit d'Auteur fënnt een op liesen.lu.