An der Lëtzebuerger Musekszeen gëtt et een neie Kënschtler an zwar den DJ a Produzent Bill Yard.

E Sonndeg, de 14. Abrëll huet hie seng éischt Single "Rollercoaster" erausbruecht. D'Lidd geet an d'Richtung vum Elektropop a soll elo schonns Loscht op de Summer maachen.

De jonke Kënschtler fält awer net nëmmen duerch seng Musek op, mä mat sengem ganze Konzept. Dem Kënschtlernumm entspriechend, verstoppt sech den DJ dann och hannert enger schwaarzer Billard-Mask, esou dass een net erkennt, wien den DJ wierklech ass. D'Leit sollen duerch d'Musek ugezu ginn an net duerch d'Persoun, déi hannert dem Projet stécht.

Dem Bill Yard ass dann och bewosst, dass hien net deen Éischten ass, dee mat dësem Konzept optrëtt, ma hie mengt och, dass een d'Rad net ëmmer muss nei erfannen an dass ee sech roueg un anere Leit inspiréiere kann.

D'Lidd gouf ko-produzéiert vum Jimmy Braun an de Video gouf vum Amii Watson gedréint.

Hei de Musek-Video