Virun e puer Joer huet si e Concours gewonnen, fir mam "Westdeutsche Rundfunkorchester" ze spillen.

Musek am Sirdall ass eng asbl, déi zënter 32 Joer kleng Concerten an de Gemenge vum Sirdall ubitt. Den Akzent läit op der Ënnerstëtzung vu jonke Lëtzebuerger Museker.

E Sonndeg war zu Nidderaanwen e Concert mam Trio Conova. An deem Trio spillt d'Nora Braun, déi grad zu London a Bachelor op enger bekannter Museksschoul mécht. Hiert Instrument ass de Violoncello an de Régis Thill war fir eis op Nidderaanwen an d'Kulturhaus.

Concert Nora Braun
Di 23 Joer al Violoncellistin Nora Braun spillt hei mat hirem Trio Musek vum Rachmaninoff.