De Bradley Welsh, en fréiere Boxer an Acteur, gouf e Mëttwoch zu Edinburgh erschoss. D'Enquête nom Täter ass elo gestart ginn.

E Mëttwoch den Owend ass de Bradley Welsh zu Edinburgh, a senger schottescher Heemecht, ermort ginn.

2017 huet de Bradley Welsh am zweeten Deel vum Kultfilm "Trainspotting" d'Roll vum Gangster Doyle gespillt. Éier hien säin Debut als Acteur ugefaangen huet, war hie jorelaang ee professionelle Boxer. Den Irvin Welsh, Auteur vun Trainspotting, huet iwwer Twitter säi Bäileed ausgedréckt.

De Virfall ass um 20 Auer e Mëttwoch den Owend  matzen op der Strooss geschitt. D'Ambulanz ass direkt no der Attack alarméiert ginn, mä et war schonn ze spéit. D'Police vun Edinburgh ass elo op der Sich nom Täter.

De Bradley Welsh ass op der Plaz gestuerwen, dat am Alter vun nëmmen 42 Joer.