Déi Verantwortlech sinn och ganz houfreg, dass d'CFL dee ganze finanzielle Volet iwwerhëlt.

Am Kader vum Weltdag vum Buch an den Autorerechter den 23. Abrëll huet d'Initiative Freed um Liesen, de Centre national de littérature an CFL e Freideg de Moien op eng Pressekonferenz invitéiert zum Thema " E Buch am Zuch".

Buch am Zuch
Dëst Joer huet d'Editioun den Titel "Bauen a Wunnen".

Déi 21. Editioun vum "Buch am Zuch" huet dëst Joer den Titel "Bauen a Wunnen". D'Buch, dat aus 61 Texter besteet, op Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch, beschäftegt sech mat alles wat am, beim oder ronderëm d'Haus ass. Ënnert de 47 Auteure fanne mer Texter vum eelsten Auteur dem Michel Lentz bis bei déi Jéngst dem Tom Nissen a Gast Mannes. Wéi dat Ganzt deemools entstanen ass, erkläert eis d'Germaine Goetzinger vun der Initiative Freed um Liesen.

AUDIO: Buch am Zuch - Brigitte Bintz
D'Germaine Goetzinger vun der Intiative Freed um Liesen
Déi 21. Editioun vum "Buch am Zuch" huet dëst Joer den Titel "Bauen a Wunnen".

Déi Verantwortlech sinn och ganz houfreg, dass CFL dee ganze finanzielle Volet iwwerhëlt. 7.000 Exemplairen si gedréckt ginn a wäerte vun en Dënschdeg den 23. Abrëll op de Garen zu Ettelbréck, Miersch, Waasserbëlleg, Beetebuerg a Lëtzebuerg gratis verdeelt ginn.