De Michel Houellebecq krut en Donneschden Owend d'Legion d'honneur, ee vun de wäertvollste Präisser a Frankräich, zu Paräis verdeelt.

De bekannte franséischen Auteur, deen haaptsächlech Romaner schreift, ass am Palais de l'Élysée zu Paräis en Donneschden vum franséische President héchstperséinlech geéiert ginn. De Michel Houellebecq ass virun allem bekannt fir seng éierlech Attitüde géigeniwwer dem moderne franséische Staat.

Dem Michel Houellebecq seng bekanntste Bicher sinn ënnert anerem "Serontin", eng Geschicht vun engem depressive Staatsbeamten zu Paräis an "Submission", an deem den Auteur eng Welt schaaft, an där Frankräich 2022 ee muslimesche President wielt. Dat lescht Buch ass een Dag virun der Terrorattack op d'Redaktioun vu Charlie Hebdo erauskomm.

Kritiker bezeechnen den ëmstriddenen Auteur als "Enfant terrible" a betounen, dass den Houellebecq duerch seng Romaner souguer d'Kris vun de "Gilet jaunes" virausgesinn hätt. Den Emmanuel Macron felicitéiert dem Auteur fir säi Courage Themaen unzespriechen, déi kritesch sinn.

Present waren eng Unzuel vu wichteg Personnagen aus der Politik a bekannte Verlagen, sou wéi zum Beispill de franséische Ex-Président Nicolas Sarkozy, de Sänger Jean-Louis Aubert an de Philosoph Alain Finkielkraut.