Nach bis den 3. November sinn d'Stater Kasematten op. A bis de 15. September dräimol den Dag "Visite guidéen".

Zanter 1994 gehéieren déi ënnerierdesch Galerien zum Unesco-Weltkulturierwen. A se zielen zu den Haaptattraktioune vun der Stad Lëtzebuerg mat ronn 130.000 Visiteuren d'lescht Joer.

D’Bockkasematten an der Stad zielen haut zu den absoluten Highlights. Zejoert goufen an deenen ënnerierdesche Gäng eng 130.000 Leit gezielt. D’Visiteure géifen aus der ganzer Welt kommen, esou de Luxembourg City Tourist Office.

D’Bockkasematte goufe 1745 a 46 ënnert den Éisträicher als Verdeedegungsgäng ugeluecht. Déi éischt Kasematte goufen awer 1644 vun de Spuenier gebaut. Du goufen déi ënnerierdesch Gäng vum franséische Militäringenieur Vauban vergréissert. 17 vun deenen 23 Kilometer laange Kasematte sinn haut fir de Public accessibel. D’Galerie sinn op verschiddenen Niveauen a si bis zu 40 Meter déif.

Elleng an de Bockkasematte war Plaz fir 1.200 Zaldoten a 50 Kanounen. Haut hunn d’Leit ënnert anerem duerch d’Schéissschachten impressionnant Vuen op d'Stad. Wéinst deene beandrockende Bastioune gouf d’Stad och de "Gibraltar vum Norden" genannt.

Wärend 4 Joerhonnerten huet d'Stad eben noeneen ënnert der Friemherrschaft vun de Burgunder, Spuenier, Fransousen, Éisträicher grad ewéi de Preussen gelieft, déi mat Hëllef vun hire beschten Ingenieure Lëtzebuerg zu enger populärer Festung ausgebaut hunn.