Dem russesche Schrëftsteller Anton Tschechow seng tragikomesch Wierker hunn hien zu engem vun de wichtegsten Auteure vun der Weltliteratur gemaach.

Déi Lëtzebuerger Regisseurin Daliah Kentges huet elo fir hir éischt eegen Inzenéierung säi berühmt Drama "Dräi Schwësteren" ëmgesat.

D'Lis Dostert, d'Eli Johannesdottir an d'Anouk Wagener erzielen an dësem Stéck d'Geschicht vun den dräi Schwësteren Olga, Mascha an Irina, déi konstant op der Sich no der grousser Léift, enger befriddegender Aarbecht an iwwerhaapt engem sënnerfëllten, gléckleche Liewe sinn. Dat Besonnescht um Dalhia Kentges hirer Inzenéierung ass net just, datt se a Lëtzebuerger Sprooch ass.

Dës Versioun vun den 3 Schwëstere weist, dass d'Kris an d'Orientéierungslosegkeet, an där dem Tschechow seng Figure stiechen, eng Problematik ass, déi iwwer d'Zäit ewechgeet an och haut nach eng grouss Aktualitéit huet.

Och wann d'Thematik eng eescht ass, dat gutt Zesummespill vun deenen 3 Actricë gëtt deem eigentlechen Drama seng tragesch-komesch Momenter.

D'Première ass schonn ausverkaaft, ma bis den 3. Mee huet een nach ganzer 5 Mol d'Geleeënheet, sech dëst Stéck am Kasemattentheater unzekucken.