De Kaleidoskop Theater spillt dem Tullio Forgiarini säi Stéck an der Lëtzebuerger Versioun.

"De Julien traut sengen Aen net, wéi hien a sengem Living eng nordafrikanesch Fraeläich fënnt. Wéi kënnt déi dohinner? D’Terrassendier wor ee klenge Spléck op. Et muss een him se erageluecht hunn. Vläicht ass se vum Himmel gefall?"

Virun zwee Joer ass dem Tullio Forgiarini säin Theaterstéck "Du ciel" am TOL gespillt ginn. Elo bréngt de Kaleidoskop-Theater zu Beetebuerg déi Lëtzebuergesch Versioun op d'Bühn, eng béis an deels sarkastesch Comédie iwwer en Thema dat nach ëmmer aktuell ass.

Mat vill Witz, vill Humor, dee sech och alt plazeweis zimlech schwaarz weist, gëtt eng Liewesform am Wuelstand, mat de Problemer, déi dësen och mat sech brénge kann, géint déi an der Nout vu Flüchtlinge gewisen.

Inszenéierung
Jean-Paul Maes

Technik
Roland Jakobi

mam
Luc Lamesch / Timo Wagner / Rosalie Maes / Elena Spautz

Zu Beetebuerg am Schlass
24.4. 20h / 08.05. 20h
09.05. 20h / 10.05. 20h
11.05. 20h / 12.05. 17h30

Virverkaf: Tel.: 621 59 36 19 ticket@kaleidoskop.lu