An de 60er Joren huet den Dick Rivers de Rock 'n Roll a Frankräich populär gemaach. Hien ass op sengem 74. Gebuertsdag gestuerwen.

Ugefaangen huet de Rivers seng Karriär als Sänger bei der Band Les Chats Sauvages. Relativ séier huet hien sech allerdéngs vun dëser Band getrennt, fir u senger eegener Solo-Karriär ze schaffen.

Iwwer méi wéi 50 Joer huet hie wäit iwwer 30 Albumen erausbruecht an huet dacks mat verschiddene bekannte franséische Kënschtler zesummegeschafft.

Wéi säi Manager Denis Sabouret op Twitter matgedeelt huet, ass den Dick Rivers u Kriibs gestuerwen.