No méintelaange Versich verléiert de Spielberg säi Kampf géingt de Streamingdéngscht Netflix.

"Roma" huet als éischt Netflix-Produktioun een Oscar gewonnen, wat dem Spëtzeregisseur Steven Spielberg guer net gefält. Zanter Méint huet hie sech mat enger Initiative dofir agesat, dass keen Netflix-Film méi bei den Oscars nominéiert soll ginn. De Spielberg gesäit doranner eng Strategie vum Streamingdéngscht, seng Abonnenten net un de Kino ze verléieren a villäicht e puer Leit vum Kinospublik ze gewannen.

Dëst Engagement bleift awer ouni Erfolleg. D'Nominatiounsreegele bei den Oscare sollen op Weideres sou a Stand gehale ginn, all potentielle Film muss mindestens 1 Woch am Ëmkrees vun Los Angeles an de Kinoe gelaf sinn, wéi dat bei "Roma" de Fall war. Sou ass en Dënschden an der Academy ofgestëmmt ginn.

Netflix gewënnt ëmmer méi u Popularitéit, wéi sech mat hirer Memberschaft beim MPAA, de Verband vun de groussen US-Filmproduktiounsgesellschaften weist. D'Dieren zu Cannes bleiwe fir de Streamingdéngscht awer nach weiderhin zou.