Dat huet de bekannten däitsche Moderator e Mëttwoch an engem Interview fir déi éischte Kéier bekannt gemaach.

Viru 5 Joer hätt hie fir déi éischte Kéier gemierkt, dass hien ziddere géif, soubal en eppes an de Grapp geholl huet.

Virun 3 Joer hätt hien dunn d'Diagnose vu sengem Dokter kritt. Ausser senger Famill a senge beschte Frënn hätt hien nach kengem eppes vu senger Krankheet gezielt. Hien géif dann och am Moment Pëllen huelen, fir seng Krankheet am Grëff ze behalen.

Engem grousse Publik gouf de Frank Elstner bekannt, wéi hien d'Moderatioun bei "Wetten, dass..?" gemaach huet.