Sëtzer, déi sech Beweegen. Waasser, wat gesprutzt gëtt oder de Geroch vu Buedem an der Nues. Dat ass 4DX.

E Mëttwoch war d’Aweiung vum neie 4DX-Kinossall am Kinepolis um Kierchbierg. Mam 4DX-System beweege sech hei 116 komplett néi a motoriséiert Kinossëtzer parallel zu der Aktioun am Film. Och aner Spezialeffekter, wéi zum Beispill Reen, Loft, Niwwel a Gerécher kommen zum Asaz.

Den neie Marvel-Film Avengers: Endgame ass deen éischte Film, deen am Kinepolis um Kierchbierg mam 4DX-System gewise gëtt. De 4DX soll zukünfteg souwuel fir verschidden 2D wéi och fir 3D-Filmer ugebuede ginn a kascht zousätzlech 6 Euro op den normalen Tickets-Präis.

VIDEO: Kinepolis: Neie 4DX-Sall mat 116 Plazen
Sëtzer, déi sech Beweegen. Waasser, wat gesprutzt gëtt oder de Geroch vu Buedem an der Nues. Dat ass 4DX.