Zu Éiere vun hirem 10. Gebuertsdag organiséiert d'Ettelbrécker Bibliothéik eng Rei Manifestatiounen.

Vum 2. bis de 17. Mee kann all Bicherbegeeschterten un de verschiddenen Evenementer vun der Ettelbrécker Bibliothéik deelhuelen. Ugefaange gëtt en Donneschdeg den 2. Mee am Restaurant El Brasero mat engem literaresch-kulinareschen Owend, wou de Roland Meyer aus sengem neie Roman "Wenn immer alles so einfach wäre" virliest an de Kichechef ee gudde Menü zerwéiert.

Besonnesch ass den 8. Mee. D'Ettelbrécker Bibliothéik luet deen Owend an de CAPE an, wou de Jean Pütz mat senger "Pützmunter-Show" fir gutt Laun suergt. D'Schluss-Maniff gëtt de 17. Mee am Jeekelsbau zu Waarken gehalen. D'Denise Nicolay-Mohnen erzielt vum Jeekel vu Waarken, vum Geessebock vum Lopert an nach villen aneren. Fir musikalesch Stëmmung suergen "d'Lompekréimer".

Hei fann dir de ganze Planning vun den Evenementer:

2.Mee : E literaresch-kulinareschen Owend « Wenn immer alles so einfach wäre » mam Roland Meyer am Restaurant El Brasero, Reservatioun am Restaurant um Telefon 26 81 30 84. 8.Mee : « Pützmunter-Lese-Show »  mam Jean Pütz am CAPE, Tarif : normal 15€ / jeunes 7,50€ Reservatioun : Billetterie CAPE : 2681 2681 / www.cape.lu

11.Mee : Dany Gales: « D'Geschicht vum klenge Fuuss deen e Buch wollt schreiwen » an der Bibliothéik, Fir Kanner vu 4 Joer un / Fräien Entrée / Info an der Bibliothéik : 26 81 15 32

15.Mee : Vernissage Fotoausstellung « Ronderëm d’Buch »  am Centre Hospitalier du Nord

17.Mee : « Dem Jeekel op der Spur - Ettelbrécker a Waarker Soen » am Jeekelsbau zu Waarken, Fräien Entrée/ Info an der Bibliothéik : 26 81 15 32 /