Vu Péiteng iwwert d’Musek an déi grouss Welt. Dat ass de Wee, deen déi Lëtzebuerger Sopranistin Cynthia Knoch gaangen ass.

No hirem Master-of-Music-Ofschloss an Holland war si 5 Joer mam André Rieu als Sopranistin ënnerwee. An e Sonndeg war si mat hirem Ensembel LOLA MARIE et les Chats Noirs am Cube 521. Populär Chanson-Musek aus den 20er, 30er, a 40er Joren, och mat sozialkriteschen Texter, dat ass eng Virléift vum Cynthia Knoch. Melodien, déi och haut nach bekannt sinn an deemools, an der Zäit, déi "Les Années Folles" genannt gëtt, an de Paräisser Cabareten oder an de Berliner Kellerkneipen wahnsinneg populär waren. En Zoufall hat d’Cynthia Knoch op déi Musek opmierksam gemaach.

Dat besonnescht un der Interpretatioun vum Cynthia Knoch kënnt mol an éischter Plaz vun hirer Stëmm. Hire Sopran gëtt de Melodien eng aner Dynamik a fuerdert d’Opmierksamkeet, déi soss bei populäre Lidder séier verluer geet.

An och d’Arrangementer vun de Stécker léisst vill Plaz, fir net just nëmmen d’Melodie ze héieren. Trotz allem Bekannten ass vum Spectateur e klengen Effort verlaangt an dat ass och gutt esou.

Ob La Vie en Rose ass, dat ass natierlech jidderengem selwer iwwerlooss. Ma vläicht hëlleft jo sou e Chanson-Owend mam Lola Marie, fir e bësse Rose an den Alldag ze zauberen.