Vun der USA elo op Lëtzebuerg, déi 1. Mini Maker Expo ass dëst Joer zu Rouspert.

D'Leit zu Lëtzebuerg befaasse sech ëmmer méi mat Bastelen, Bauen a Kreéieren. Dat neimoudescht Wuert fir dës Leit ass "Maker" a beschreift am grousse Ganzen déi Mënschen, déi sech fir Techniken an Technologië begeeschteren an nei Saache wëllen erausfannen, déi spannend Problemer eleng oder am Team léise wëllen oder faszinéiert Konstruktiounen zesummestellen.

Fir dës Leit ze fërderen, ass d'Organisatioun "Make it" gegrënnt ginn. "Make it" ass dofir do, fir d'"Makeren" aus Lëtzebuerg an aus der Groussregioun duerch Projeten zesummen ze bréngen an ze ënnerstëtzen. Ee vun hire Projeten ass déi Mini Maker Faire dëst Joer den 19. Mee zu Rouspert, déi dozou nach am Kader vun der 10-Joers-Feier vum Tudor Musée ass.

D'Maker Faire wäert op verschiddene Beräicher vun der Expo Workshoppen ubidden, wou Jonk an Al hirer Kreativitéit kënne fräie Laf loossen. Ausstellungen, Demoen a Concoursen déngen op der Expo och zur Ënnerhalung. Eng Rei Veräiner a Bastler stellen hir Eenzelaarbechten am Beräich Steam-Punk a Cosplay vir a stinn de Visiteuren nach zur Verfügung, Froen ze beäntwerten.

An engem drëtte Beräich dréit sech alles ëm Fligeren. Niewent deene selwer gebaute Fligere gëtt et och eng Dronenarena, wou net nëmmen trainéiert Piloten hir Kënscht weisen, mee och Ufänger eng éischt Ronn fléien dierfen.

Ganz besonnesch ass de Roboter-Wettkampf, bei deem 6 Gruppen untriede wäerten. Iwwer de ganzen Expo-Dag verdeelt, ginn dës Kämpf ausgedroen.

D'Maker Faire ass dëst Joer och net fir näischt zu Rouspert. Den Henri Tudor huet virun iwwer 100 Joer mat sengen Iddien a sengem "Maken" de Grondstee fir d'Tudor-Akkummulator-Wierken gesat.

Weider Informatiounen zur Expo fannt Dir hei: