De Verwaltungsrot vun der Filmakademie, deen en Dënschdeg zesummekomm ass, huet mam Yann Tonnar en neie President gewielt a léist de Claude Waringo of.

Domadder iwwerhëlt de Yann Tonnar de Poste vum Claude Waringo, deen d'Filmakademie zënter senger Grënnung begleet huet. De Claude Waringo huet Projete wéi de Vott vun enger Jury fir de Filmpräis oder d'Plattform VOD.lu mat no vir gedriwwen.

Zu der Persoun vum Yann Tonnar: Hien ass Regisseur, Creative Producer vun der RTL-Dokumentatiouns-Serie "routwäissgro" an zënter 2010 Generalsekretär vum LARS.

Op Facebook seet de Yann Tonnar dëst als Reaktioun op säin neie Posten: “Je vois mon travail dans la continuité de celui du président sortant qui a marqué de son empreinte la Filmakademie qu'il a dirigé depuis sa création en 2012. Pour moi la Filmakademie doit contribuer à inspirer l’excellence dans le domaine du 7ème art au Luxembourg. ”