Vum 10te bis den 23ste Mee steet Esch nees ganz am Zeeche vum Flamenco.

Musek, Danz, Gesang, Kino, a souguer Fotografie, dës Konschtform huet e sëlleche Facetten, déi een net nëmme kucken, mä och selwer ausprobéiere kann. D'Bea Kneip huet sech mam Edel Alvarez a mam Jesus Iglesias vum spuenesche Kulturzenter Circulo Antonio Machado ënnerhalen.

Flamenco Festival Esch 2019

D'Passioun fir de Flamenco huet hei zu Lëtzebuerg schonn eng laang Traditioun. Fir d'14te Kéier organiséiert de spuenesche Kulturzenter Circulo Antonio Machado an Zesummenaarbecht mat der Escher Kulturfabrik de Flamenco Festival Esch. Nieft de Liveoptrëtt vu bekannte Sänger an Dänzer wéi dem Kiki Morente, der Esperanza Fernandez, Sara Calero, Ursula Lopez oder Leonor Leal sinn och dëst Joer nees eng Rëtsch Filmer programméiert. Den Optakt mécht e Freideg den Owend "Acariciando el aire",en Documentaire iwwert déi legendär Dänzerin Matilde Coral.
De Ruff vum Escher Festival geet wäit iwwert d'Grenze vum Land eraus. An der Welt vum Flamenco huet en sech zu engem richtege Geheimtipp entwéckelt, den och déi grouss Nimm unzitt. An déi kommen net nëmmen op Lëtzebuerg fir selwer opzetrieden, mä och fir hir Konscht an e sëlleche Workshopen mat engem interesséierte Public ze deelen.
Eng Neiheet dëst Joer ass och d'Flamenco-Duerf an der Kulturfabrik wou ee verschidde Stänn ronderëm d'Thema Flamenco fënnt. Ausserdeem gëtt et och no den Optrëtt an der Kulturfabrik nach Animatioun. 
Et kann een et net dacks genuch soen: de Flamenco ass vill méi wéi just Folklore. Et ass eng Konschtform déi duerchaus och politesch a gesellschaftskritesch Inhalter vermëttele kann ouni doduerch awer jeemols d'Freed un der Musek an um Danz aus den Aen ze verléieren.
Also: Sief et bei de Spectaclen an der Kulturfabrik, de Kinosséancen an der Cinémathèque oder am Kinosch, oder och nach bei deene verschidddenen Atelieren: Loosst Iech iwwerraschen!

Dee komplette Programm vum Flamenco Festival 2019 fannt Dir op www.kulturfabrik.lu