Déi 36 Joer al Schauspillerin gouf en Donneschdeg mat engem Stär um Walk-of-Fame geéiert.

Wärend enger Zeremonie um Walk-of-Fame krut d'Actrice Anne Hathaway hire perséinleche Stär poséiert. Op der Nummer 2663 ass dësen vun elo un ze bewonneren, genee géigeniwwer dem beléifte Kino "TCL Chinese Theatre". 
Niewendru läit de Stär vum Hattie McDaniel, déi fir hir Roll am Film "Gone with the Wind" 1940 als éischt schwaarz Fra een Oscar iwwerreecht krut.

D'Anne Hathaway misst deene meeschten duerch hir Roll am Film "The Princess Diaries" 2001 bekannt sinn. Duerno war d'Actrice ënner anerem an de Filmer "The Devil Wears Prada", "Brokeback Mountain" an "Ocean's 8" ze gesinn.

2013 ass d'Anne Hathaway awer och mat engem Oscar fir hir Roll a "Les Miserables" geéiert ginn.

Deemnächst wäert een d'Schauspillerin erëm am Kino ze gesi kréien, nieft hirer Kollegin Rebel Wilson spillt d'Anne am Film "The Hustle" (Glam Girls op däitsch) mat.