Museker aus 17 Länner triede fir am ganzen 10 Plaze fir d'Finall den nächste Samschdeg géinteneen un.

Et sinn dat ënnert anerem Holland, Schweden, Aserbaidschan a Russland. Déi zweet Halleffinall ass en Donneschdeg.

D'lescht Joer hat déi israelesch Sängerin Netta mat hirem Lidd Toy de Eurovision Song Contest gewonnen.
D'Editioun 2019 steet ënner strenge Sécherheetsmesuren. Ronn 20.000 Poliziste sinn am Asaz.