An engem Mount, de 14. Juni, fänkt mat der Fête de la Musique de Programm vu "Summer in the City" an der Stad un.

Um Fest vun der Musek bedeelege sech dëst Joer nees eng Hellewull Gruppe mat 50 Concerten op 23 Plazen an der Stad.

Aneren Highlight sinn dëst Joer ugangs Juli dräi gratis Open-Air-Concerten op der Kinnekswiss, mat ë.a. dem Orchestre national de Jazz ënnert der Leedung vum Gast Waltzing a samsdes, dem 6. Juli engem Concert vum Philharmoneschen Orchester ënnert der Direktioun vum Gustavo Gimeno mat populäre Wierker vu Puccini, Verdi, Richard Wagner a Gershwin.

Weidere Museksprogramm da e Freideg, 12. Juli mam 29. Rock um Knuedler, wou 16 exklusiv Lëtzebuerger Bands op 4 Bühnen optrieden. De Rock um Knuedler presentéiert sech op engem Freideg dëst Joer also och als eng Zort After-Work-Meeting. Bands, déi optrieden, sinn ë.a. Mutiny on the Bounty, The Velvet, de Joël Heyard a Rome.

De Blues'n Jazz Rallye, deen dëst Joer seng 25. Editioun feiert, ass samschdes, de 27. Juli an den Ënnerstad programméiert, iwwerdeems d'World-Music beim Festival MeYouZik op Krautwëschdag, dem 15. August an dem Dag virdrun zur Éier kënnt.