D'Stad Paräis feiert e Mëttwoch den 130. Joresdag vun der Ouverture vum Eiffeltuerm.

D'Spectateuren erwaarden e Mëttwoch den Owend e Concert an ee Spektakel mat Luuchten.

Den Ingenieur Gustave Eiffel hat den Eiffeltuerm fir d'Paräisser Weltausstellung am Joer 1889 kreéiert. De 15. Mee virun 130 Joer huet den Tuerm du fir d'éischte Kéier seng Diere fir Visiteuren opgemaach. Zanterhier zielt den Tuerm zu de gréissten Touristenattraktioune weltwäit.

Den 324 Meter héijen Eiffeltuerm ass mat ronn 6 Millioune Visiteuren d'Joer eng vun de beléiftsten Attraktiounen zu Paräis.