Op der Bühn vum Theatre National sti siwe Schauspiller – an dat am Alter tëschent eelef a siwwenzéng Joer.

No engem Fligeraccident iwwerliewen just d'Kanner. Si mussen elo léieren, sech op enger verloossener Insel nei z'organiséieren. No a no ginn d' Reegele vun der Zivilisatioun vergiess. De Regisseur Serge Wolfsperger huet sech fir en neit Theaterstéck haaptsächlech um Klassiker „Herr der Fliegen“ a „Robinson Crusoé“ inspiréiert. Hei schafft hie net mat professionellen, mä mat ganz jonken Acteuren.

D' Ile Sauvage ass e Stéck, dat vun enger erfuerener Theaterekipp a Schüler op d'Bee gestallt gouf. Obwuel di jonk Schauspiller an Theatercoursë ginn an der Ecole de Théâtre de Luxembourg, hu si eng aner Approche am kreative Prozess wéi déi Professionell. En Austausch, wou ënnerschiddlech Dynamiken openee stoussen, ma wou béid Säiten och vun enee léieren.

D'Ile Sauvage gëtt nach bis den 22. Mee am Théâtre National gespillt.