Wéi d'Rockhal matdeelt, goufen déi 4 Datumer annuléiert, dat wéinst "logistesche Grënn".

D'Rockhal deelt mat, dass alleguerten d'Concerte vu "STAR WARS - A NEW HOPE" a "STAR WARS - THE EMPIRE STRIKES BACK" ofgesot goufen. D'Datumer heivir ware jo de 5. a 6. Juni, sou wéi den 23. a 24. Oktober.

Wéi et heescht, wiere "logistesch Grënn" dorunner Schold. Ticketen, déi online um Site vun der Rockhal kaf goufen, ginn automatesch rembourséiert.