De Festival, deen den Diddelenger Centre culturel "Opderschmelz" organiséiert, ass dëst Joer scho fir d'8. Kéier.

Vum leschten Donneschdeg bis dëse Sonndeg sti 15 Gruppen a 70 Museker op der Bühn, fir breetgefächert aktuellen Jazz ze presentéieren.

Och déi Lëtzebuerger Jazzmusiker hunn do eng Plaz.

De Régis Thill war fir eis den Arthur Possing a seng Band kucken.

Zënter 2009 ass den Jazz-Pianist Arthur Possing méi intensiv mam Jazz verbonnen an am Coservatoire Royal zu Bréissel huet en dat weidergefouert. 2013 ass den Artur Possing Quartett forméiert gi mam Lëtzebuerger Pit Huberty op den Drums. Déi meeschte Stécker, déi vum Qartett gespillt ginn, huet den Arthuer Possing selwer komponéiert.

Den Arthur-Possing-Quartett kann een ënner anerem zu Iechternach am Juli beim Echterlive erëmgesinn.

Andréck vum Festival vum Jang Gaspar