De Film vun de belsche Regisseuren huet sech d'Radikaliséierung zum Thema geholl.

Zu Cannes sinn dëst Joer effektiv nees eng ganz Rëtsch u präisgekréinte Realisateuren an der offizieller Competitioun vertruede. Nieft dem Ken Loach oder dem Pedro Almodovar gehéieren de Jean-Pierre a Luc Dardenne och zu der aler Garde vun Auteuren, déi d’Geschicht an de Palmarès vum Festival markéiert hunn. Géint 17 Auer e Méindeg de Mëtteg sinn d‘Gebridder Dardenne iwwert de faméise roude Teppech gaangen, fir hire Film Le jeune Ahmed virzestellen. Et ass déi 8. Kéier, datt déi sozial engagéiert Realisateuren hei zu Cannes mat engem Film vertruede sinn an deemno ass et keng Iwwerraschung, datt si och dëst Joer mat zu de Favoritte gehéieren.

"Le Jeune Ahmed"

Den Ahmed huet 13 Joer an hien ass hin a hier gerappt tëschent de radikalen Iddie vu sengem Imam, déi hie sech ganz zu Häerzen hëlt an der reeller Welt, déi hien ëmgëtt. Faszinéiert vum Doud vu sengem Cousin, deen als Märtyrer gestuerwen ass, setzt hie seng ganz Roserei géint seng Mamm a géint seng Léierin an, déi versichen, de jonke Mënsch aus der Spiral vum Fanatismus erauszehuelen.

Nodeems d’Gebridder Dardenne an hire leschte Filmer mat bekannte Schauspiller zesummegeschafft hunn, war et an dësem Drama, dee sech ëm d’reliéis Radikalisatioun dréit, ëmsou méi wichteg, datt all d’Acteuren, op professionell oder net, kee grousse Bekanntheetsgrad hunn, fir net vum Sujet ofzelenken. A genee dat ass de belsche Realisateure mat dësem staarken Drama gelongen. Ouni ze jugéieren, erzielen Dardenne Bridder mat dësem intimen Drama, wéi e jonke Mënsch ouni Repère sech an de Labyrinth vun der Relioun verléiert an et nëmmen aus eegener Kraaft ka packen, fir aus dëser Sakgaass erauszekommen.

Le Jeune Ahmed kënnt e Mëttwoch iwwerall an de Kinoen eraus. Ob d‘Gebridder Dardenne sech nees kënnen an de Palmarès aschreiwen, wäerte mer den nächste Samschdeg Owend bei der Präisiwwerreechung gewuer ginn.