Minion-Stëmmen, d'Geräisch vum Mier an Donnerwieder – dat alles konnt een déi lescht Wochen aus der Rockhal héieren.

De Patrick Morbach, besser bekannt als DJ Brave, war Animateur fir d'Seancen an huet de Kanner elektronesch Musek op eng spilleresch Aart a Weis méi no bruecht. Mir ware bei engem Workshop dobäi an hunn de Kanner vun der Rodanger Primärschoul iwwert d'Schëller gekuckt.

Et war déi néngten Editioun vun 24 Stonnen Electro for Kids an der Rockhal. Eng musikalesch Spillplaz, wou Jonker der elektronescher Musek méi no solle kommen. De Patrick Morbach huet déi Jonk duerch dës musikalesch Experienz begleet. Hie mécht schonns zanter iwwer 30 Joer Musek. Duerch verschidden Instrumenter an Übunge wollt hien de Kanner d'Kraaft vun der Musek weisen.

Dass d'Kanner e Stéck vun der musikalescher Energie matkréien, dat ass och d'Iddi hannert dem 24 Stonnen Electro for Kids. Den Event gëtt all Joers erëm vum Rocklab organiséiert.

Wärend 3 Woche kënne Schoulklassen aus dem ganze Land bei musikalesche Workshoppe matmaachen. An och de Kanner vun der Rodanger Primärschoul hunn déi verschidden Instrumenter dem Spaass an der Kreativitéit keng Grenze gesat - egal op jorelaang Solfège hannert sech oder net.

No 3 Woche war et dann Zäit, déi faszinant Welt vun der Electro-Musek hannert sech ze loossen a sech schonns op déi 10. Editioun d'nächst Joer virzebereeden.