Et wëll ee sech weiderentwéckelen. Et wëll ee méi gemittlech ginn, ouni dobäi un d'Pensioun ze denken. The Dislike änneren hire Sound a maachen elo Reggae!

Heiansdo muss ee sech als Museker nei erfannen. Dat hunn d'Jonge vun der Lëtzebuerger Band "The Disliked" elo gemaach. Hire Stil ass vun elo un Reggae, oder wéi si et nennen: Reggae à la Disliked, mat Gittaren, déi un dem Santana seng beschten Zäit erënneren, gepeffert mat enger uerdentlecher Portioun Uergel an engem Beat, deen déi gutt al Sublime Sounds opfrëscht.

VIDEO: The Disliked - Reggae Rescue
The Disliked bréngen den 31. Mee e weideren Album eraus. Beim Laurent Gillander hu se en virgestallt.

Um Album Reggae Rescue ass souguer e Lidd drop wat vu Kanner inspiréiert gouf.