Am Joer 1926 hunn eng Rei Kënschtler ronderëm de Moler Joseph Kutter sech vum Cercle Artistique de Luxembourg ofgespléckt.

Doropshin hu si hiren eegene Salon vun 1927 un organiséiert. En neien Accrochage am Konscht- a Geschichtsmusée um Fëschmaart erënnert un d'Sezessioniste vun deemools.

De belsche Konschtkritiker André de Ridder, deen 1926 op de Salon vum Cercle Artistique invitéiert gi war, huet a sengem Artikel just de Joseph Kutter als Lëtzebuerger Kënschtler erwäänt. Domat war en Eclat perfekt, dee sech schonns zanter Joren ugedeit hat. Nieft dem Kutter wollten eng Rei aner Moderniste wéi de Jean Schaack an den Auguste Trémont vun der akademescher Molerei fortkommen.

D’Biller vum neien Accrochage am MNHA weisen, datt déi Lëtzebuerger Artisten genee wéi déi däitsch a flamännesch Expressionisten d’Perspektiven, d’Proportiounen an d’Faarwe ganz an den Déngscht vum kënschtlereschen Ausdrock setze wollten a mat ongewinnte Sujete provozéiert hunn.

De Mouvement vun de Sezessioniste koum awer schonn no dräi Joer op en Enn. En Haaptgrond dofir war de fréien Doud vum Nico Klopp, deen als Sekretär vun der Beweegung eng dreiwend Kraaft war. Trotzdeem war dee kuerzfristege Mouvement net ëmsoss. En huet am ëffentleche Konschtverständnis eppes beweegt a gouf och vun den Autoritéiten unerkannt.

Den Accrochage "Les Sécessionnistes luxembourgeois" ass nach bis Enn Dezember am MNHA ze gesinn.